Virdeeler a Notzen

  • geréng Investitionskäschten mat praktesch ouni weider Käschten

  • keen Uschloss un d’Stroumnetz erfuerderlech

  • keng Verleeung vu Kabelen erfuerderlech

  • einfach Montage

  • keng Maintenance néideg

  • ëmweltschounend

Asazméiglechkeeten

D’Systemer vun ISAL gi mobil a stationär oder ville Beräicher an der Beliichtung agesat vun:

  • Site vu Betriber, Bauplazen

  • Parkplazen

  • Stroossen

  • Trottoiren

  • Privatterrainen , Afahrten, Stellplatzen

  • Gäert, Terrassen

D’Grupp vun den ISAL Solar Produiten ass déi neitst Generatioun vun intelligente Systemer fir autonom Beliichtung.

D’Systemer vun ISAL sinn High-Tech a beschter Qualitéit, an deenen nëmmen héichwäerteg Komponente verbaut ginn:

  • Solar-Photovoltaik-Modul

  • Integréiert Lithium-Ionen-Akkumulator

  • robuste energieeffizient LED-Luten

  • intelligente Mikroprozessor-Laderegler mit Dämmerungssteierung

  • Infrarout-Bewegungs-Sensor

  • Montagestruktur

D’Systemer vun ISAL Solar huele fräi verfügbar Dagesliicht op a ginn déi gespäichert Energie bei Donkelheet duerch Beliichtung erëm of.

Beliichtung – Funktiounsweis

D’Systemer vun ISAL huelen iwwert hier Solarmoduler  fräi verfügbar Sonnenenergie op. Des gëtt duerch e Photovoltaikmodul a Gläichstroum gewandelt a lued domatter den Akkumulator während dem Dag op. An der Nuecht bzw. wann et Owend gëtt schalt sech automatesch d’LED-Lut duerch d’Notzung vun der am Akkumulator gespäicherter Energie un. Mueres bzw. bei entspriechender Hellegkeet schalt sech d’LED-Lut erëm aus.

Betribsaarten

  • Dauer-Beliichtung
  • Intervall-Beliichtung
  • Beliichtung bei Bewegung
  • Beliichtung mat Zäitschaltung

Qualitéits-Kennzeechen vun den ISAL-Produiten

  • funktionellt a sachlecht Design
  • robust, wiederresistent, héichwäerteg verschafft
  • leeschtungsstaarke Liichststral mat grousser Hellegkeet
  • wäisst Liicht mat gläichméissegem Liichtkeel
  • High Efficiency-Solarmodul vun der neister Generatioun
  • Lithium-Ionen-Akku (austauschbar)
  • Zäit fir ze lueden ca. 6 Stonnen
  • Boîtier aus Aluminiumlegéierung
  • Präventioun géint Déifstall
  • zertifiéiert nao CE / ROHS / IP65
  • ISAL-Luten kënne mat Dauerliicht bei voller Liichtstäerkt bedriwwe ginn.
  • ISAL-Luten kënnen dank vum Hellegkeets-Sensor vir d’éischt mat 1/3 an dann mat der maximaler Liichtstäerkt bedriwwe ginn. 
  • ISAL-Luten si mat engem Bewegungs-Sensor equipéiert, deen bei Meldung bei 1 Minutt op Vollbeliichtung schalt.
  • ISAL-Luten schalten sech bei entspriechender Hellegkeet erëm op 1/3 zréck an dann schliisslech aus.

D’Systemer vun ISAL Solar fonctionnéieren mat Sonnenenergie a sinn domatter vum Stroumnetz autonom. Dowéinst sinn se eng zouverlässeg Alternativ zur konventionell Beliichtung, an dat owes bis mueres.

Light for free

Produiten

Technologie

Technologie vun den LEDen

LED steet fir liicht-emittéiernd Diod, oder kuerz Liichtdiod. LED ass e liichtemittéiernden Halbleiter-Bauelement, deem seng elektresch Eegenschaften vun enger Diod entspriechen. Fléisst duerch d’Diod elektresche Stroum am Direktioun vum Duerchloos, da strahlt se Liicht mat enger Wellelängt of déi ofhängeg ass vum Halbleitermaterial an der Dotéierung.

Bei der Hirstellung vu Liichtdioden kënnt et produktiounsbedéngt zu Differenzen an den Fuerftemperaturen an den Hellegkeetswäerter.  Dofir weist d’Fiche Technique vun den eenzelne Produiten („bin“) en Ecart vun der Beliichtungsintensitéit op.

D’LEDen maachen schonn haut ongeféier 50% vum Marché vun der Beliichtung aus. Dat läit virum allem un hirer héijer Energieeffizienz, hirem natierlechen a kille Liicht, hirem graduellen an eben net plëtzlechem Ausfall, an un hirer robuster Stabilitéit.

D’LED-Luten, déi an den ISAL-Systemer verbaut sinn beliichten duerch hire groussen Ofstralwénkel vun 120° eng relativ grouss Surface. Gläichzäiteg zeechnen se sech duerch eng héich Exploitatioun vu Liicht vun 120 – 130 lm/W (Lumen pro Watt) aus. Si sinn domatter multipel méi effizient wei traditionell Biren (ca. 10 – 14 lm/W) an Halogenluten (ca. 15 – 20 lm/W) an esouguer däitlech méi effizient wei fluoreszent Luten (ca. 70 – 90 lm/W).

Anescht wei bei den traditionelle Biren erhéicht sech d’Effizienz vun den LEDen wa se mat enger méi niddreger Nominalleeschtung

bedriwwen ginn, z.B. mat enger intelligenter Intervallschaltung. Gläichzäiteg verlängert sech déi reduzéiert Temperatur d’Liewensdauer vun den LEDen.

D’Liewenserwaardung vun den LEDen läit bei iwwer 50.000 Stonnen an ass soumat ronn 5 Mol méi héich wei bei vergläichbar fluoreszent bzw. Halogenluten. Am Contraire vun fluoreszent an Halogenluten huet d’Schaltfrequenz kee negativen Afloss D’Liewenserwaardung vun den LEDen. D’Kombinatioun vun enger LED-Lut mat engem Beweegungsmelder ass dohier also net mat enger gerengegster Liewenserwaardung vun den LED-Luten verbonnen.

Wann een all Material- an Energieverbrauch vun der Hirstellung bis zum Enn vun der Notzungsdauer berécksichtegt, ginn iwwer 98% vum gesamten Energieverbrauch op d’Generéieren vu Liicht. Deemno sinn d’LED-Luten souwuel an der Notzung wei och an der Produktioun héich effizient No der Evaluatioun vun der der Stiftung Warentest (2013) ass d’Ökobilanz vun LED-Luten bedeitend besser wei bei fluoreszent Luten oder esouguer Halogenbiren.

LEDen sinn am Géigesaz zu fluoreszent Luten fräi vu Mercure a stellen dohier och bei Beschiedegung kee gesondheetlecht Risiko fir Persounen duer. Déi an den LEDen enthalen Elektronikkomponenten an Terres Rares mussen allerdéngs als Elektroschrott entsuergt ginn.

Technologie vun der Photovoltaik

Eng Photovoltaik-Anlag ass eng Solarstroumanlag, in deier matt Solarzellen en Deel vun der Sonnenstralung an elektresch Energie transforméiert gëtt. Déi dobäi typesch direkt Aart vun der Energiekonversioun bezeechent een als Photovoltaik.

D’Solarmodul besteet aus enger Couplage en série (Reihenschaltung) vu Solarzellen, déi hermetesch gekapselt sinn.  Monokristallin Solarzellen ginn eenzel produzéiert an ofschléissend matt Metallfolien verbonnen. Silizium dengt dobäi als Semiconducteur (Halbleiter).

Déi vum Stroumnetz autonom Solarstroum-Moduler vun den ISAL-Systemen sinn au Choix permanent oder och temporär vum ëffentleche Stroumnetz getrennt. Eng Versuergung matt Stroum ass net erfuerderlech.

Dagsiwwer gëtt dee net verbrauchte Stroum fir d’éischt tëschentgespäichert, fir dann méi spéit dem Bedarf entspriechend verbraucht ze ginn. D’ISAL-Systemer ginn matt 12 Volt Gläichspannung (tension continue) bedriwwen.

Technologie vum Akkumulator

Déi utiliséiert Akkumulatoren fir d’Solarenergie ze späicheren, déi sog. Solarbatterien, weisen eng héich Zyklenfestegkeet (Lueden an Entlueden), d.h. eng laang Liewensdauer op.

Héichwäerteg Lithium-Ionen-Batterien sinn vun eis virun de gënstegen Bläibatterien preferéiert ginn, well d’Betribskäschten wéinst hirer laanger Liewensdauer däitlech méi geréng ausfalen. Esou gi mäer dovunner aus, dat héchstefalls all 5 Joer den Akkumulator ausgetosch muss ginn.

Déi an den ISAL-Systemer verbauten Akkumulatoren fir d’Sonnenenergie ze späicheren ginn duerch e Laderegler virun Déifentluedung souwéi virun Iwwerluedung geschützt.

Downloads

Uspriechpartner

marco-rubiales

Marco Rubiales

Produktauswahl und Organisation

Der Finanzfachwirt (FH) Marco Rubiales ist seit rund 20 Jahren geschäftsführend in der Vermögensverwaltung und dem Finanzwesen tätig.

In den Bereichen der Unternehmens- und Wirtschaftsberatung liegen seine Kernkompetenzen in der Entwicklung von Vertriebskonzepten sowie dem Liquiditäts- und Entgeltmanagement.

Bei SC Garant ist Marco Rubiales vor allem für die Geschäftsbereiche „Produktauswahl“ und „Organisation“ zuständig.

Fon +49/40/6963 5254-1
MR@SCGarant.com

Daniel Porcedda

Dr. Daniel M. Porcedda

Innovationen und Marketing

Dr. Daniel M. Porcedda ist gelernter Rechtswissenschaftler, Hochbautechniker sowie PR- und Werbefachmann (IHK).

Zu seinen weiteren Fortbildungen gehören u.a. „Passive Solararchitektur“ und „Werbepsychologie“. Er ist Osteuropa-Experte und Spezialist für internationalen Handel.

Seit einigen Jahren ist er schwerpunktmäßig in den Bereichen „EU-Fördermittel“ und „Firmensanierungen“ tätig.

Bei SC Garant kümmert sich Dr. Daniel M. Porcedda vor allem um die Themen „Produktentwicklung“, „Innovationen“ und „Marketing“.

Fon +49/40/6963 5254-5
DMP@SCGarant.com

Generalrepresentatioun

Send us a message

Name*

E-Mail*

Phone

Message

Ich habe die Datenschutzerklärung zur Kenntnis genommen. Ich stimme zu, dass meine Angaben und Daten zur Beantwortung meiner Anfrage elektronisch erhoben und gespeichert werden. Hinweis: Sie können Ihre Einwilligung jederzeit per E-Mail widerrufen.

SC Garant GmbH & Co. KG

Am Kaiserkai 27
20457 Hamburg

Amtsgericht Hamburg HR A 114366
USt-ID DE297108921

Komplementär
ProServ Fund Management GmbH
Amtsgericht Hamburg HR B 108528
Geschäftsführer Marco Rubiales

Telefon 040/6963 5254-0
Telefax 040/6963 5254-9

www.ISAL-Solar.com
info@ISAL-Solar.com

Generalrepresentatioun

SC Garant GmbH & Co. KG iwwerhëlt d’Generalrepresentatioun an Däitschland an an anere Länner vu Produiten matt uniquen Charakteristiken.

Dobäi steet de Numm vun der Entreprise fir déi ugebuede Produiten:

D’Buschtawe „SC“ stinn fir Selective Cooperation. Well  Kooperatioune ginn nëmme matt ausgewielte Produzenten agaang, déi hier Produiten en héije Notze fir de Client hunn a sech op dem neisten technologesche Stand befannen.

„Garant“ steet zugläich fir d’Zouverlässegkeet an déi laang Liewensdauer vun dën ugebuede Produiten, a och fir d’Fiabilitéit vun eiser Entreprise an eisem kompetente Personal sur Place géigeniwwer vun eise Clienten.